Léiw Memberen, Léiw Velosfuerer, Mir wënschen iech schéin Chrëschtdeeg, Alles Guddes a Léiwes am neie Joer, eng gudd Gesondheet fir iech an är Famill, an nach genuch Kilometer um Vëlo. bis hoffentlech demnächst rem zesummen um Vëlo.

Eise Club VC Filano
VC-FILANO a.s.b.l., gegrënnt duerch seng Statuten de 27. Mee 2008, ass de Vëlosveräin vun de Gemenge Fëschbech, Fiels an Noumer.
De Veräin huet als Ziel d'Coursevëlo- a Mountainbikefueren an der Regioun vum Mëllerdall méi populär ze maachen. Mëttlerweil huet de VC-FILANO iwwert 100 Memberen, wouvunner déi grouss Majoritéit aus de Gemenge Fiels, Fëschbech, Hiefenech an Noumer kommen.