Background image

Eise Club VC Filano a.s.bl

VC-FILANO a.s.b.l., gegrënnt duerch seng Statuten de 27. Mee 2008, ass de Vëlosveräin vun de Gemenge Fëschbech, Fiels an Noumer.

De Veräin huet als Ziel d'Coursevëlo- a Mountainbikefueren an der Regioun vum Mëllerdall méi populär ze maachen. Mëttlerweil huet de VC-FILANO iwwert 100 Memberen, wouvunner déi grouss Majoritéit aus de Gemenge Fiels, Fëschbech, Hiefenech an Noumer kommen.

Als wichtegst Aktivitéit vum VC-FILANO zielt seng Mountainbike-Randonnée déi traditiounsgeméiss den drëtte Weekend am Mount September um Birkelt stattfënnt. Bei senger drëtter Oplag am leschte Joer hunn 350 Mountainbiker aus dem In- an Ausland un deenen dräi Strecke mat ënnerschiddleche Schwieregkeetsgraden Deel geholl. Dëst Joer fënnt d'Randonnée duerch d'Bëscher ronderëm d'Fiels den 23. September statt.

Am Mee 2011 huet de VC-FILANO eng zweet grouss Aktivitéit op d'Been gestallt. An zwar gouf an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Fëschbech an dem Sportsministère ee Sportsweekend zu Schous organiséiert. Am Kader vun dësem Weekend gouf fir déi éischte Kéier eng Randonnée mam Coursevëlo vum VC-FILANO organiséiert. Op dräi verschiddene Strecken, déi iwwert verkéiersberouegend Stroossen duerch de Mëllerdall gaange sinn, gouf praktesch keng Kopp ausgelooss, sou datt d'Participanten déi schéin Landschafte vun eiser Regioun genéissen a bewonnere konnten. De Succès heivunner huet erginn, datt och am Fréijoër 2012 nees eng Coursevëlo Randonnée organiséiert gëtt. De geneeën Datum heivunner ass de Sonndeg de 15.04.2012; op dësem Dag fënnt och déi legendär Amstel Gold Race statt.

bäitrieden

Eis Aktivitéiten

Iwwert d’Joer verdeelt organiséieren mir 2 Randonnée, eng am Mee zu Steen an eng am September an der Fiels. Niéwend den Randonnéeë ginn mir och nach 1 mol d’Joer an d Vakanz a treffen eis reegelméisseg fir zesummen Vëlo fueren ze goen. Ausserdeem gi mir och zesummen op d’Vëloseventer hei am Land wéi och am Ausland.

bäitrieden