
Eise Club VC Filano
VC-FILANO a.s.b.l., gegrënnt duerch seng Statuten de 27. Mee 2008, ass de Vëlosveräin vun de Gemenge Fëschbech, Fiels an Noumer.
De Veräin huet als Ziel d'Coursevëlo- a Mountainbikefueren an der Regioun vum Mëllerdall méi populär ze maachen. Mëttlerweil huet de VC-FILANO iwwert 100 Memberen, wouvunner déi grouss Majoritéit aus de Gemenge Fiels, Fëschbech, Hiefenech an Noumer kommen.