Back to All Events

Bididu Trail

Donneschdes de 29. Mee ( Christihimmelfahrt ) ass de Bididu Trail zu Bruch bei Miersch.

Start ass tëscht 08:00 an 10:00 um Foussballsterrain ( rue am Eck )

Mir bidde nei Strecken un, vun 21Km, 33Km, 45Km an 60Km, mat 1-2 Ravien.

Eis Zebras si rem all gesond a wärten iech d'Peng mat enger Drëpp aus de Been huelen.

Dono kënnt der iech, wéi och äre Mountainbike, wäschen an e Teller Spaghetti oder Gegrills schmaache loossen.

Als Aussteller hu mer dëst Joer den S-Cape vu Reiden, déi éis hier neisten Vëloen virstellen, sou wei och Bididu Cycles.

Earlier Event: May 18
ECORide
Later Event: July 6
Randonnée LNB