5 Joer VC-Filano

Haut virun 5 Joer goufen d’ Stauten vum VC-Filano ënnerschriwwen. D’ Ennerschrëften hun der Iddee vum Vëlosclub, déi Grënnungsmemberen haaten, eng Form ginn.  Domat huet och d’ Geschicht vum VC-Filano ugfangen. Eng Geschicht matt vill Spaas a Freedt um Vëlo, an awer och wéi all aner Geschichten mat Héichten an Déiften. 

Mir wëllen  all deenen Leit merci soen déi een Deel vun der Geschicht sinn oder waren, an hoffen op nach vill Joer déi mir zesummen verbréngen kënnen. Mir wëllen och éisen Sponsoren merci soen déi eis déi 5 Joer ënnerstëzt hunn. Ouni déi wiere mir lo nëtt  daat,  waat mir lo  sinn.

Natierlech feiere mir déi 5 Joer vc-filano mat eisen Memberen. De genauen Ooflaaf kréien d’ Memberen dann per e-mail geschéckt.