Black Forest Ultrabike Marthon 2012

Den Week-End vum 14/06-17/6 war den Vc-Filano op Kirchzarten an den Schwarzwald gefuer fierun der 15. Edition vum Black Forest Ultra Bike deelzehuelen. Ausser dass mer d' Course gefour haate mer och vill Spass a waaren mer och ob Freibourg gefour fier eis virun der Course ze stärken. D' Course selwer ass gudd fier d' Fuerer vum Fc-Filano verlaaf.

D' Team Vc-Filano gouf an der Equipewärtung vum Short-Track dei 8. Fier d'Team waren den Weirich Jemp, den Brosius Georges, den Kirtz Jerry, den Alexandre Serge, den Karier Marco an den Jemmig Luc um Start. Och ob der Streck vun 43 war den Dostert Dan ennerwee. Hien gouw den 27. a senger Alterskategorie. Den Kirtz Pitt gouw op der glaicher Sterck den 8. a senger Alterskategorie. Allegourten waren se dei beschten Letzeboier an hierer Categorie, waat d'Stärkt vum Team beweist.

Den Margreve Luc an den Leclerc Patrick hunn sech mei getraut a sinn den Marathon iwwer 77km gefuer. Den Ptrick gouw den 78. an den Luc den 108 an hieren Alterscategorien.

D' Photo'en fannt der op Facebook oder wann der op den Block ennert deem vun Facebook dreckt