Wien si mier? Firwat VC-FILANO?

VC-FILANO a.s.b.l., gegrënnt duerch seng Statuten de 27. Mee 2008, ass de Vëlosveräin vun de Gemenge Fëschbech, Fiels an Noumer.

De Veräin huet als Ziel d'Coursevëlo- a Mountainbikefueren an der Regioun vum Mëllerdall méi populär ze maachen. Mëttlerweil huet de VC-FILANO iwwert 100 Memberen, wouvunner déi grouss Majoritéit aus de Gemenge Fiels, Fëschbech, Hiefenech an Noumer kommen.

Als wichtegst Aktivitéit vum VC-FILANO zielt seng Mountainbike-Randonnée déi traditiounsgeméiss den drëtte Weekend am Mount September um Birkelt stattfënnt. Bei senger drëtter Oplag am leschte Joer hunn 350 Mountainbiker aus dem In- an Ausland un deenen dräi Strecke mat ënnerschiddleche Schwieregkeetsgraden Deel geholl. Dëst Joer fënnt d'Randonnée duerch d'Bëscher ronderëm d'Fiels den 23. September statt.
 
Am Mee 2011 huet de VC-FILANO eng zweet grouss Aktivitéit op d'Been gestallt. An zwar gouf an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Fëschbech an dem Sportsministère ee Sportsweekend zu Schous organiséiert. Am Kader vun dësem Weekend gouf fir déi éischte Kéier eng Randonnée mam Coursevëlo vum VC-FILANO organiséiert. Op dräi verschiddene Strecken, déi iwwert verkéiersberouegend Stroossen duerch de Mëllerdall gaange sinn, gouf praktesch keng Kopp ausgelooss, sou datt d'Participanten déi schéin Landschafte vun eiser Regioun genéissen a bewonnere konnten. De Succès heivunner huet erginn, datt och am Fréijoër 2012 nees eng Coursevëlo Randonnée organiséiert gëtt. De geneeën Datum heivunner ass de Sonndeg de 15.04.2012; op dësem Dag fënnt och déi legendär Amstel Gold Race statt.

Ervirhiewe muss een och nach déi exzellent Zesummenaarbecht vum VC-FILANO mam Office Régional du Tourisme Müllerthal Petite Suisse luxembourgeoise (ORT-MPSL). Säit 2010 begleet de VC-FILANO op festgeluegten Deeg während de Summerméint d‘Touriste mam MTB oder CV duerch de Mëllerdall. Fir dës Tir nach besser kënnen ofzehalen hu 5 Membere vum Veräin während 2 Weekender eng Formatioun fir Bike-Guiden déi vum Sportsministère an senger Base zu Lëlz organiséiert gouf, matgemaach. De VC-FILANO huet sech deemno weidergebild an ass prett fir d'Touristesaison 2012. Déi genee Datumme wéini wou gefuer gët, fannt dir demnächst op eiser Internetsäit bzw. an den Depliante vum ORT Mëllerdall.

De VC-FILANO ass deemno ganz aktiv, sou gëtt regelméisseg zesummen am Grupp Vëlo gefuer, siew et eng gemittlech MTB-Fahrt duerch de Mëllerdall oder mam Coursevélo a Richtung Éisleker Koppen. Wéini genee gefuer gëtt, kann een am Forum liesen.

Obwuel de VC-FILANO kenger offizieller Sportsfédératioun ugehéiert an dat primäert Ziel vum Veräin d'Ausüben an d'Promotioun vum Vëlosport als Fräizäitaktivitéit ass, huelen iwwert dat ganzt Joer verdeelt ganz vill Membere vum Veräin un Cyclosportiven a Randonnée'en am In- an Ausland deel a stelle sech deemno der Konkurrenz, bzw. maache Reklamm fir d'Regioun vum Mëllerdall.

Memberen vum VC-FILANO hunn hir Teamfaarwen rout a gréng schonns bei folgende Veranstaltunge beschtens vertrueden:

Vulkaneifel Bike Marathon (D), Black Forest Ultra Bike Marathon (D), Saarschleifen-Bike-Marathon (D), L’Ardéchoise (F), Les Trois Ballons (B), La Marmotte (F), Gran Fondo Eddy Merckx (B), Rund um den Frankfurter Finanzplatz (D), Cyclosportive La Charly Gaul (L), Erbeskopf-MTB-Marathon (D), MTB-Jedermannrennen der UCI Mountain Bike Weltmeisterschaft 2010 zu St. Wendel (D), Bike4Life zu Ettelbrück (L), 24-Stonne Vélo Wëntger (L), 6-Stonne Mountainbike VTT Esch (L), 2-Stonne Vëlo Kirchbierg (L), 6 Days Lull Gillen (L), Alpenbrevet zu Mering (CH), Gallahaan-MTB-Trail zu Oppenhausen (D), Vaude MountainBike Trans Schwarzwald (D), Schinder(hannses) MTB Superbike zu Emmelshausen (D), Eifel-Mosel-Cup (D), Müllerthal Biking Days (L), ING-Europe-Marathon (L).