Den VC-Filano war den Samschden Owend mat 5 Equipen um Bike 4 Life zu Ettelbréck vertrueden. Den Bike 4 Life ass eng 5 Stonnen Course mat Erléis fir den Gudden Zweck. Den Erléis gëtt um d' Fuerschung géint den Hautkriibs.
Den Bilan vum VC-Filano war während dësen 5 Stonnen duerchaus Positiv. Béi der Préisiwwerréchung konnt den VC-Filano zwou Coupen entgéinthuelen. Eng Coupe war fir déi mëschten Ugemellten Equipen, déi aanner war fir den VC-Filano 2 deen d' Jugendwertung gewonnen huet. Ausserdeem koum den d'Equipen VC-Filano am General op déi 7ten Plaz bei engem excellenten Starterfeld.
All d'Plazéierungen vun eisen Equipen an hier Fuerer:
VC-Filano: KIRTZ Pitt; Margreve Luc; LECLERC Patrick=> Plaz 7
VC-Filano 5: BRUST Patrick & Moris => Plaz 20
VC-Filano 3: ALEXANDRE Serge , WEIRICH Joël, WEIS Joël, KIRTZ Jerry => Plaz 29
VC-Filano 2: KIRTZ Leo; LECLERC Philippe; KARIER Charel; WOLMERING Kenny Neal=> Plaz 30
VC-Filano 4: BROSIOUS Georges; Schabo Marc, QUINTO Rui, Roger Wirtz => Plaz 32
Mir soen der Organisatioun vum Bike 4 Life MERCI dat super Event.
Ausserdeem soen mir all eisen Memberen MERCI déi dobäi waren an all deenen Memberen déi eis uféieren komm sinn.
D' Nächst Joer si mer rëm dobäi!

Eis Ausbeute vum Bike 4 Life 2013


